Wien sinn mier

An der zweeter Generatioun an zanter bal 40 Joer, bidden mir eise Clienten deen bescht méiglechen Wee, am Assurancendschungel, den Duerchbléck ze behalen. Als haaptberufflech Assureuren, ass eis Devise ass jo bekanntlech: Wann Froen, froen! – deemno sinn mir ëmmer do fir e schnellen Rod oder Service ze garantéieren. Zanter 20 Joer schaffen mir haaptsächlech fir den Allianz Group , dëst an den Domainer Incendie, Automobile et risques divers, wou mir vun ärem Haus bis hin zu äre Gefierer alles beschtens ofsécheren krënnen, grad ewéi am Domaine Vie an Pension complémentaire, wou mir vun den Liewensversecherungen an Zousazpensiounen Iech ze versuergen wëssen. Dëst gëllt genee esou fir Privatleit wéi och Entreprisen oder Gesellschaften a Betriber. D’ Domainer Zousazkrankenversécherungen decken mir mat eisem Partner, der DKV Luxembourg S.A. , an den Rechtschutz mat eisem Partner, der D.A.S. Luxemburg of. Bei Immobilienfroën stinn mir eise Clienten gären mat Rod an Dot zur Säit, dëst mat eisen Partner, der M2 agence immobilière sàrl fir alles wat (ver)kafen, (ver)lounen oder bauen ass an mat der Schwaebisch Hall Bausparkasse AG um Niveau vum Bauspueren. Op all deenen Gebidder bleift As.St. ären eenzegen Uspriechpartner fir iech d’ Liewen esou einfach ewéi méiglech ze halen. Bei engem Rendez-vous bei iech doheem oder um Bureau léist sech eng genee Offer korrekt beschwätzen an déi meeschten Froen direkt beäntwerten. Dofir zéckt net, an mellt iech bei eis.

Kontakt

Lundi au Jeudi: de 09.00 à 12.00 heures et de 13.30 à 19.00 heures Vendredi: de 9.00 à 12.00 heures

Agence Générale d’Assurances Stemper
(As. St.) SARL
250a route de Kayl
L-3514 Dudelange

info [at] asst.lu (+352) 26 522 112
cedric [at] asst.lu (+352) 621 473 736
servais [at] asst.lu (+352) 621 250 170

Agence Générale d’Assurances Stemper (As. St.) SARL